Level 46
Level 47

Beispillen fir z-Verben


45 words 0 ignored

Ready to learn       Ready to review

Ignore words

Check the boxes below to ignore/unignore words, then click save at the bottom. Ignored words will never appear in any learning session.

All None

Ignore?
Hatt huet de Kichelchen an de Kaffi gezappt.
Elle a trempé le biscuit dans le café.
Hatt huet d'Jongen aus senger Klass ëmmer gär gezeckt.
Elle a toujours aimé taquiner les garçons de sa classe.
Zéck net a mell dech bei hinnen!
N'hésite pas et contacte les!
Dës Architektin zeechent wonnenschéin Haiser.
Cette architecte dessine des maisons merveilleuses.
Et huet laang gedauert fir dësen Hond ze zeemen.
Ca a pris beaucoup de temps pour dompter ce chien.
Hatt hofft, datt hir Frëndschaft net zerbrécht.
Elle espère que leur amitié ne se brisera pas.
Hien huet sech op senger neier Aarbecht net zerechtfonnt.
Il n'a pas réussi à s'acclimater à son nouveau travail.
Hatt kritt seng Kanner net gezësst.
Elle n'arrive pas à apaiser ses enfants.
Hier hat därmoosse wéi, datt hien d'Zänn huet missen zesummebäissen.
Il avait tellement mal qu'il a dû serrer les dents.
D'Eltere si wéint hire Kanner zesummebliwwen.
Les parents sont restés ensemble à cause de leurs enfants.
D'Musek bréngt Leit zesummen.
La musique rassemble les gens.
Hatt ass no dem Examen zesummegebrach.
Elle s'est écroulée après l'examen.
Kënnt dir dëst Buch zesummefaassen?
Pouvez-vous résumer ce livre?
D'Mamm huet de Kanner hir Kleeder zesummegefal.
La mère a plié les vêtements des enfants.
Si hu sech no hirem Sträit nees zesummefonnt.
Ils se sont réconciliés à nouveau après leur dispute.
D'Schüler hunn net opgepasst. Si geheien alles zesummen.
Les élèves n'ont pas fait attention. Ils mélangent tout.
En Dësch fir zwou Persoune wann ech gift Mir gehéieren zesummen.
Une table pour deux personnes s'il vous plaît. Nous sommes ensemble.
Kann een deen Dësch och zesummeklappen?
Peut-on aussi rabattre (plier) cette table?
Si hunn d'Suen net zesummekritt fir d'Operatioun zebezuelen.
Ils n'ont pas réussi à rassembler l'argent pour payer l'opération.
Déi dräi Flëss lafen hei zesummen.
Les trois rivières confluent à cet endroit.
Wa mer all zesummeleeën, da kënne mer eis en neien Auto leeschten.
Si on cotise tous, on pourra s'offrir une nouvelle voiture.
D'Kanner leien zesummen an engem Zëmmer.
Les enfants sont couchés ensemble dans une chambre.
Si liewen net mei zesummen.
Ils ne vivent plus ensemble.
An der Keelt zéien d'Muskele sech zesummen.
Dans le froid les muscles se rétrécissent.
Kanns du d'Onkäschten all zesummerechnen?
Peux-tu additionner toutes nos dépenses?
Rull d'Decken zesummen!
Enroule la couverture!
D'Gangsteren hunn eisen Noper zesummegeschloen.
Les gangsters ont roué de coups notre voisin.
Wéi setzt een dee Schaf hei zesummen?
Comment fait-on pour monter cette armoire?
De Film setzt sech aus dräi Deeler zesummen.
Le film est composé de trois parties.
Mir hunn als Kand ëmmer zesummegespillt.
En tant qu'enfants nous avons toujours joué ensemble
Nom Accident si seng Schanken net méi zesummegewuess.
Après l'accident ses os ne se sont plus soudés.
Hien huet d'Noutbrems gezunn.
Il a actionné le frein de secours.
De Krich huet dat ganzt Land zerstéiert.
La guerre a détruit tout le pays.
Zerwéier dech!
Sers toi!
Firwat zidders du dann esou?
Mais pourquoi trembles-tu ainsi?
Ech ziele bis dräi.
Je compte jusqu'à trois.
Eisen Noper ziicht Kanéngercher.
Notre voisin élève des lapins.
Zill deng Kanner mol uerdentlech!
Éduque tes enfants convenablement (de façon appropriée, décente)!
Wat zischt hei sou komesch?
Qu'est-ce qui produit ici ce son aigu bizarre?
Hiren Hond huet immens fest zougebass.
Leur chien a mordu très farouchement.
De Buttek bleift iwwer d'Feierdeeg zou.
Le magasin reste fermé pendant les jours fériés.
Deck d'Kand mat enger Decken zou!
Couvre l'enfant avec une couverture!
Dreck d'Dier fest zou! Soss spréngt se nees op.
Ferme bien la porte en poussant! Sinon elle va se réouvrrir.
Dréin de Krunn zou!
Ferme le robinet en tournant!
Ech si sou midd. Mir fale gläich d'Aen zou.
Je suis tellement fatigué. Mes yeux vont bientôt se fermer.